Mat dësem Léierkrimi kanns du d'Lëtzebuerger Schreifweis op eng flott Manéier trainéieren. Déi wichtegst Reegele ginn am Ufank vun der Lektioun widderholl an erkläert an duerno kënnt en Exercice, integréiert an den Text, fir se ze üben. Hannen am Buch fënnt een e Corrigé, fir d'Exercicer selwer ze verbesseren. An der Geschicht si mir bei der neier Grande-Duchesse, déi fir e Banquet eng speziell Ketten undeet. Mä op eemol ass se fort.